Véier Agenten.
Eng Equipe.
Zu Béiweng.
Bureau d'Assurances Delagardelle & Co. — Är LALUX Generalagence zënter 2010. Véier Agenten déi perséinlech fir Iech do sinn. Sechs Sproochen an ee feste Kontakt deen Äre Dossier kennt a begleed.

Véier Prinzipien, op déi Dir ziele kënnt.
Eng gutt Assurance erkennt een net um flotte Prospekt, mee dorun wéi ee begleet gëtt wann et wierklech drop ukënnt. Dat ass eisen Engagement.
Mir verkafen net einfach Kontrakter. Mir begleede Mënschen a Familljen iwwer Joren. Eng gutt Berodung fänkt mam Nolauschteren un.
Mir erklären Assurance verständlech an ouni onnéidege Fachjargon.
All Ofsécherung gëtt un Är perséinlech Situatioun ugepasst.
Mir kucken op Steieren, Cotisatiounen an déi bescht Léisung op laang Dauer.
Eng gutt Relatioun hält net just bis zur Ënnerschrëft.
Dat ganzt
LALUX Angebot plus DKV Gesondheet.
Als LALUX Generalagence proposéiere mir Iech déi komplett Palette u Versécherungen an ergänzen dës mat DKV Gesondheetsléisungen.


Déi selwecht Leit. Bei all Uruff.
Germain Delagardelle
Spezialiséiert op Risikoanalys, Steieroptimiséierung an individuell Berodung — ëmmer mat engem héije Wäert op Vertrauen a Diskretioun.
“Eng gutt Berodung fänkt mam Nolauschteren un.”





